Only 4 days left:
15% off everything

Wiem ass Erklär&Laach

De Joe Dennenwald ka villes- awer net Alles. Hien huet bei der éischter Staffel "Wanns de eppes kanns" op RTHelL just ganz knapp d'Finall verpasst, an dat obwuel seng Imitatioun vun engem Fuuss eng gewësse Grandeur hat. De Joe huet also en anere kreativen Output gebraucht, an dobäi säi Busefrënd Baschti, och bekannt als Sebastien vu Gudenburg, mat u Bord geholl. Déi zwee hu Jore laang MTV Home moderéiert, bis si zesumme mam ominéise Foie-Gras-Mogul Philippe Berscheid e Youtube-Channel gegrënnt hunn. Déi dräi hu sech zesumme mam techneschen Direkter Philippe Strauss eng gëllen Nues verdéngt... an d'Motivatioun verluer, fir sech ëmmer selwer mussen unzekucken...

An abeemol ass dat perfekt mediaalt Format em den Eck komm: engem Podcast. Dat maachen déi dräi also zanterhier, an dat mat Erfolleg. D'Erklär&Laach ass de meeschtgelauschterte Podcast zu Luxusbuerg, an et gëtt oft gemunkelt, dass och bei dësem Podcast méi onanéiert gëtt wéi bei allen anere Konkurrenten ZESUMMEN. Deck Benito, Abèse de Guuden, wéi d'Jugend warscheinlech net seet.

about us